Haut op engem 18. Oktober...

Um 18. Oktober 1977 ass de Bassist vun de Kaiser Chiefs op d’Welt komm. De Simon Rix feiert haut also seng 43 Joer. D’Kaiser Chiefs, déi als Highscool-Band ugefaangen hunn, hunn 2007 mat Ruby hiren internationalen Duerchbroch gefeiert. Am Dezember 2012 hat de Sänger Nick Hodgson d’Kaiser Chiefs verlooss. Di aner Band-Memberen hunn dunn decidéiert als Quartett weiderzemaachen. Am Mäerz 2014 hunn si den éischten Album zu véier erausbruecht. Dëse sollt et och op d‘Plaz 1 a Groussbritannien packen. Duerno hunn si nach zwee weider Alben erausbruecht. 2016 Stay Together an am Juli lescht Joer Duck, déi awer allen zwee kee grousse Succès waren.

Genee 41 Joer ass et dann hir, dass d’Buggles mam One Hit Wonder Video Killed the Radio Star un der Spëtzt vun de britteschen Charts stoungen. De Song thematiséiert, dass de Radio iergendwann duerch Musek Videoen ausstierwe wäert. De Video zum Song war iwwregens den éischte Museksvideo, deen MTV jeemools diffuséiert huet. Dat war den 1. August 1981.

Haut viru 7 Joer war de Bruno Mars live an der Rockhal. Hien huet deemools säin zweeten Album Unorthodox Jukebox presentéiert. Op der Setlëscht stoungen also och Hits wéi Locked Out Of Heaven an Treasure. De Concert vum Bruno Mars war komplett ausverkaaft an de Museker konnt de lëtzebuerger Public iwwerzeegen.