Haut op engem 19. Oktober...

Haut viru 35 Joer stoungen A-Ha mat hirer Single Take On Me un der Spëtzt vun den US-Charts. De Song war mat drop op hirem Debutlabum Hunting High and Low. Take On Me huet weltwäit grousse Succès gefeiert. De Song sollt et an iwwer 35 Länner un d’Spëtzt packen a bei den MTV Video Music Awards 6 Präisser gewannen.

Die Ärzte stoungen dann um 19. Oktober 2007 mam Song Junge un der Spëtzt an Däitschland. De Song war drop op der Band hirem zweeten Album Jazz ist anders, deen an Däitschland zwee Mol Platinn gewanne konnt.

9 Joer ass et dann hir, dass Coldplay hire fënneften Album Mylo Xyloto erausbruecht hunn. Mat drop sinn ënnert anerem Every Teardrop is a Waterfall an Paradise. Coldplay si mam Album an iwwer 30 Länner un d’Spëtzt vun den Charts geklommen. Et waren hiren deemools fënneften Number 1 Album.

Dann stoung d’Jess Glynn haut virun zwee Joer mam Album Always In Between op der 1 an der brittescher Heemecht. Mat drop ass zum Beispill I’ll Be There.