Haut op engem 20. Oktober...

Haut feiert de Snoop Doog seng 49 Joer. Hien ass den 20. Oktober 1971 zu Long Beach a Kalifornien op d’Welt komm. Am Laf vu senger Karriär huet de Kënschtler relativ dacks säi Numm geännert. Am Ufank huet hien sech Snoop Doggy Dogg genannt, dono Snoop Lion an zanter 2015 ass et Snoop Dogg.

3 Deeg nom Release vun hirem sechsten Album Street Survivors ass de Fliiger vun der Band Lynyrd Skynyrd am Bundesstaat Mississippi verongléckt. Beim Accident sinn de Sänger Ronnie Van Zant, de Gittarist Steve Gaines, seng Schwëster an de Manager Dean Kilpatrick ëm d’Liewe komm. Dat war haut virun 43 Joer.

Haut virun 13 Joer stoungen den Timbaland a One Republic mam Song Apologize un der Spëtzt vum Eldo Charbreaker. Si konnten sech fir 3 Woche ganz uewen halen. Et war de groussen Duerchbroch fir One Republic an nieft dem Lady Gaga senger Poker Face an dem Lena sengem Satellite ass Apologize bis haut den drëtt-meescht-gedownloate Song an Däitschland.

An viru genee 11 Joer huet d’Joss Stone säi véierten Album Colour Me Free erausbruecht. De Longplayer krut zwar gutt Kriticken, huet et awer net bis un d'Spëtzt vun den Charts gepackt.