Haut op engem 21. Oktober...

Um 21. Oktober 1995 ass de Billie Joe Armstrong, Frontsänger vun der Band Green Day, no engem Concert zu Milwaukee an den USA festgeholl ginn. Hien hat dem Public säin Hënner gewisen. Wéinst senger Aktioun huet de Billie Joe Armstrong missen 141 Dollar Strof bezuelen.

Den 2. Album vun Evanescence sollt et haut virun 13 Joer an den USA un d‘Spëtzt vun den Charts packen. The Open Door war hiren éischten Number 1 Album an de States an zäitgläich de 700. Album un der Spëtz vun de US-Charts zanter der Aféierung vun de wëchentlechen Charts am Joer 1956. Um Longplayer drop ass ënnert anerem Call Me When You’re Sober. De Longplayer huet sech bis haut iwwer 5 Millioune Mol verkaaft.

Haut virun 8 Joer stoungen dann de Calvin Harris an de Florence Welch mam Titel Sweet Nothing op der 1 an England.

Zäitgläich op der 1 vun den Albumcharts stoung den Jake Bugg mat sengem selftitled Debutalbum. Mat drop ass ënnert anerem de Song Seen It All. Den Jake Bugg ass e brittesche Singer-Songwriter, dee schonn am jonken Alter vu 17 Joer e Plackekontrakt krut an um Glastonbury Festival opgetrueden ass.