Haut op engem 22. Oktober...

Haut feiert de Shaggy säin 52. Gebuertsdag. Hien ass den 22. Oktober 1968 zu Kingston op Jamaika op d’Welt komm. De Mister Bombastic oder och Mister Lover Lover huet a senger Karriär 25 Millioune Placke verkaaft an huet 1996 esouguer e Grammy gewonnen.

Viru 26 Joer hu Bon Jovi et mat hirem Best-Of-Album Cross Road – The Best of Bon Jovi bis un d’Spëtzt vun de UK-Charts gepackt. Mat drop war ënnert anerem Livin’ on a prayer. Zanter hirer Grënnung ugangs den 80er Joren huet d'Band méi wéi 130 Millioune Placke verkaaft. Virun 2 Wochen hunn si hire 14. Album 2020 op de Marché bruecht.

20 Joer ass et dann hir, dass den George Michael fir 1,5 Millioune Pond e Piano ersteet huet. Et war kee gewéinlecht Instrument, ma de Piano mat deem den John Lennon de Song Imagine geschriwwen huet. Och d’Gebridder Gallagher an de Robbie Williams sollte fir de Piano matbidden. Den Zouschlag krut um Enn awer den George Michael.

Um 22. Oktober 2005 ass Waterloo vun der schwedescher Band ABBA zum beschte Song an der Geschicht vum Eurovision-Songcontest gewielt ginn. Dat am Kader vum 50. Gebuertsdag vum ESC. ABBA hate mam Song am Joer 1974 den ESC gewonnen.