Haut op engem 23. Oktober...

Um 23. Oktober 1993 stoung den amerikanesche Sänger a Schauspiller Michael Lee Aday, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Meat Loaf, mat der Single I would do anything for love un der Spëtzt vun de britteschen Charts. De Song ass bis haut dem Meat Love seng erfollegräichste Single. Se stoung an 30 Länner op der 1 vun den Charts.

Haut viru 15 Joer stoungen dann d’Arctic Monkeys mat hirer Debut-Single I Bet You Look Good on the Dancefloor op der 1 an England. Mam Song an dem Debut-Album Whatever People Say I Am huet d’Band vu Sheffield hirer groussen Duerchbroch gefeiert.

Ee Joer méi spéit, um 23. Oktober 2006 huet d’Amy Winehouse de Song Rehab erausbruecht. De Song konnt 2008 3 Grammy Awards gewannen. 2011 ass d’Amy Winehouse am Alter vu 27 Joer gestuerwen.

D’Beyoncé stoung dann haut virun 12 Joer mat If i were a boy op der 1 vun de britteschen Charts.