Haut op engem 24. Oktober...

Um 24. Oktober 1987 stoung de Michael Jackson mam Song Bad un der Spëtzt vun den US-Charts. Et war den Titeltrack vum 7. Album vum King of Pop. Den Album huet sech bis haut ronn 50 Millioune Mol verkaaft a stoung an iwwer 20 Länner op der 1 vun den Charts. Um Album sinn nieft dem Titeltrack och Klassiker wéi Dirty Diana oder Man in the Mirror.

Genee 20 Joer ass et dann hir, dass d'Nelly Furtado säin Debut-Album Whoa Nelly! erausbruecht huet. Mat drop sinn ënnert anerem d'Songs Turn Off The Light an I'm Like a Bird. Den Album huet sech weltwäit ronn 7 Millioune Mol verkaaft. Fir de Song I'm Like a Bird huet d'Nelly Furtado 2002 och e Grammy gewonnen.

Haut viru 14 Joer huet dann och d'Taylor Swift säi self-titled Debut-Album op de Marché bruecht. Et war den Ufanks vun enger ganz grousser Karriär. Stand haut gehéiert Taylor Swift zu den erfollegräichste Kënschtlerinnen iwwerhaapt. Eréischt am Summer huet d'Musekerin säin 8 Album Folklore erausbruecht.