Haut op engem 25. Oktober...

Haut feiert d'Katy Perry säi 36 Gebuertsdag. Hat ass de 25. Oktober 1984 zu Santa Barbara a Kalifornien op d'Welt komm. Säi groussen Duerchbroch koum 2008 mat de Songs I Kissed A Girl an Hot n Cold. Viru kuerzem ass d'Katy Perry Mam ginn an huet säi 6. Album Smile op de Marché bruecht.

Um 25. Oktober 2005 war déi schwedesch Band Mando Diao fir e Concert am Atelier. Si hunn dem lëtzebuerger Public deemools hiren zweeten Album Hurricane Bar presentéiert. Op der Setlëscht stoung also och Down in the Past. Mando Diao komme reegelméisseg zréck op Lëtzebuerg. De nächste Concert ass nächst Joer den 2. July.

7 Joer ass et dann hir, dass zwee interessant Alben erauskomm sinn. Sou zum Beispill Reflektor, de 4. Album vun der kanadescher Indie-Rock Band Arcade Fire.

Viru 7 Joer huet dann och déi neiséilännesch Sängerin Lorde säin Debut-Album Pure Heroine erausbruecht. Mat drop ass ënnert anerem den Track Royals.