Haut op engem 26. Oktober...

Um 26. Oktober 1981 hu Queen hir Single Under Pressure erausbruecht. Et war déi éischte Single-Auskopplung vum 10. Queen-Album Hot Space.

Genee 13 Joer ass et dann hir, dass Plain White T mam Song Hey There Deliah op der 1 an Däitschland stoungen. Plain White T si 5 Museker vu Chicago, déi zanter 1997 zesummen ënnerwee sinn.

Um 26. Oktober 2016 ware Fifth Harmony fir e Concert live an der Rockhal. Presentéiert hunn si deemools hiren Album 7/27. Nëmmen zwee Méint nom Concert huet d'Camilla Cabello d'Girl-Band verlooss. Am Mäerz 2018 hu Fifth Harmony sech dunn endgülteg opgeléist.

AC/DC stoungen dann haut virun 12 Joer mam Album Black Ice un der Spëtzt an England. Mat drop ass ënnert anerem de Song Rock n Roll Train. Black Ice stoung a knapp 30 Länner un der Spëtzt vun den Charts. Den 13. November bréngt d'Band de Comeback-Album Power Up eraus.