Haut op engem 27. Oktober...

De Sänger vun den Ärzte feiert haut Gebuertsdag. De Farin Urlaub kritt seng 57 Joer. 1982 hat hien zesumme mam Bela B d’Band Ärzte gegrënnt.

Um 27. Oktober 1982 huet de Prince säin Album 1999 erausbruecht. Et war dem Prince säi fënneften Album an säin éischten, deen an et an den USA an d’Top 10 gepackt huet. Och déi passend Tour war e grousse Succès. Ronn 10 Milliounen Dollar huet de Prince agespillt. 2008 gouf den Album 1999 och an d’Grammy Hall of Fame opgeholl.

Haut viru 6 Joer hunn dann d’Imagine Dragons hir Single I Bet My Life erausbruecht. Den Track war d’Leadsingle vun hirem zweeten Album Smoke + Mirrors, deen am Jono dono erauskomme sollt. De groussen Duerchbroch hunn d’Imagine Dragons 2012 mat hirem Debut-Album Night Visions gefeiert. Aktuell mécht d’Band op onbestëmmten Zäit eng Paus, well de Frontsänger Dan Reynolds sech méi op seng Famill konzentréiere wëll.