Haut op engem 28. Oktober...

Haut feieren direkt zwee grouss Museker Gebuertsdag. Den italienesche Schmuse-Sänger Eroz Ramazzotti kritt haut zum Beispill seng 57 Joer.

Ee Joer méi al gëtt dann och den amerikanesche Rapper a Produzent Frank Ocean. Hien kritt seng 33 Joer. Hien huet a senger Karriär ënnert anerem 2 Grammys gewonnen.

Um 28. Oktober 1997 huet de Bill Berry, Drummer vun der Band R.E.M. annoncéiert, dass hien d’Band géif verloossen. Hien war Grënnungsmember vun der Band R.E.M. No 17 Joer huet hien awer aus perséinleche Grënn e Schlussstréch gezunn. R.E.M. zielt mat ronn 90 Millioune verkaafte Placken zu enger vun den erfollegräichste Bands aus dem Alternative-Rock-Beräich.

Genee 13 Joer ass et dann hir, dass déi brittesch Sängerin Leona Lewis an der Heemescht mam Song Bleeding Love op der 1 stoung. Am Dezember 2006 hat d’Musekerin déi drëtte Staffel vun The X Factor gewonnen. Am Joer dono konnt hat mat Bleeding Love a Spirit dunn och internationale Succès feieren. Bis haut huet d’Leona Lewis fënnef Alben erausbruecht, dee leschten am Joer 2015.