Haut op engem 29. Oktober...

Um 29. Oktober 1988 ass de Roger O’Donnell, Keyboarder vun The Cure, op d’Welt komm. Hien feiert haut also seng 65 Joer. Hien ass am Joer 1987 duerch säi laangjärege Kolleeg, de Boris Williams, bei The Cure komm. Am Mäerz lescht Joer sinn The Cure an d’Rock n Roll Hall of Fame opgeholl ginn.

Ee Joer méi al wier dann haut de brittesche Museker Toby Smith ginn. Hien hätt haut säi 50 Gebuertsdag gefeiert. Vu 1992 bis 2002 war den Toby Smith de Keyboarder vu Jamiroquai. Am Abrëll 2017 ass hien u Kriibs gestuerwen.

Genee 32 Joer ass et dann hir, dass Dire Straits mam Album Money For Nothing an England op der 1 stoungen. Mat drop sinn ënnert anerem d’Klassiker Brothers in Arms, Walk of Life a Sultans of Swing. Bis haut hunn Dire Straits iwwer 120 Milliounen Albe verkaaft an zielen domat zu enger vun den erfollegräichste Bands aus de leschte Joerzéngten. D’Formatioun ronderëm de Mark Knopfler huet sech am Joer 1995 opgeléist.

Zum Schluss nach eng Nummer 1 aus Däitschland. Um 29. Oktober 1990 stoung hei d’Band Londonbeat mat hirem Hit I’ve Been Thinking About You un der Spëtzt.