Haut op engem 30. Oktober...

Den amerikanesche Museker Tommy Walter feiert haut seng 50 Joer. Hin ass den 30. Oktober 1970 a Kalifornien op d'Welt komm. Hien war Bassist an ee vun de Grënnungsmembere vun den Eels. D'Besetzung vun den Eels huet iwwer d'Joren ëmmer nees changéiert. Schonn zwee Joer no der Grënnung hat den Tommy Walter d'Band schonn nees verlooss.

Um 30. Oktober 2002 ass den James Master Jay a sengem Studio zu New York am Quartier Queens ëmbruecht ginn. Zesumme mam Joseph Simmons an Darryl Mc Daniels hat hien 1982 d'Hip-Hop Band Run DMC gegrënnt.

Haut virun 11 Joer stoung de Robbie Williams mat der Single Bodies un der Spëtzt vun den däitschen Charts. De Song war an Däitschland bekannt ginn, nodeems de Fernseesender Pro7 d'Lidd fir eng Reklamm benotzt hat.

Genee 10 Joer ass et dann hir, dass Mando Diao mam Song Down in the Past fir 3 Wochen op der 1 vum Eldo Chartbreaker stoungen.