Haut op engem 31. Oktober...

Um 31. Oktober 1984 ass d'Stefanie Kloß zu Bautzen an Däitschland op d'Welt komm. D'Sängerin vu Silbermond feiert haut also seng 36 Joer. Duerch hiren Debut-Album Verschwende deine Zeit sinn Silbermond 2006 séier eng vun den erfollegräichsten däitsche Bands ginn. Aktuell ass d'Stefi ee vun de Coaches bei der 10. Staffel vun The Voice of Germany.

35 Joer ass et dann hir, dass de Stevie Wonder mat sengem Titel Part Time Lover un der Spëtzt vun den US-Charts stoung. De Song war um Stevie Wonder sengem 20. Album In Square Circle drop.

Haut viru genee 21 Joer war déi alleréischt MTV Unplugged-Show zu New York. Deemools mat der brittescher Band Squeeze. MTV Unplugged ass eng Concerts-Rei, bei där etabléiert Museker hir Songs, awer och Coverversiounen ouni elektronesch Instrumenter presentéieren.

Zum Schluss nach en méi aktuelle Réckbléck. Haut ass et op den Dag genee 5 Joer hir, dass d'Selena Gomez mat sengem Album Revival op der 1 vun den US-Album-Charts stoung.