Haut op engem 1. November...

Zwee grouss Concerten hunn op engem 1. November zu Lëtzebuerg stattfonnt. 2016 war déi kanadesch Rockband Billy Talent zu Besuch an der Rockhal. Si hunn deemools hire fënneften Album Afraid of Heights presentéiert.

An virun 3 Joer hunn d'Gorillaz hiren Album Humanz an der Rockhal presentéiert. Den ausverkaafte Concert um Belval war den éischte Stop vun hirer Humanz-Tour. Den 1. Juli 2021 kënnt déi virtuell Comicband mat neiem Album zréck op Lëtzebuerg.

Dann hunn haut op engem 1. November och nach zwee grouss Nimm aus der Musekswelt Gebuertsdag. Den Anthony Kiedis, Sänger a Grënnungsmember vun de Red Hot Chilli Peppers feiert seng 58 Joer.

An dann huet haut och nach de britteschen DJ a Produzent Sigala Gebuertsdag. Hien kritt seng 28 Joer. Hien ass 2015 mat der Single Easy Love weltwäit bekannt ginn.