Haut op engem 2. Oktober...

Den däitsche Popmuseker Andreas Bourani feiert haut säi 37. Gebuertsdag. 2011 huet hie mat der Single Nur in meinem Kopf de groussen Duerchbroch gefeiert. Aktuell schafft den Andres Bourani u sengem drëtte Studioalbum.

Um 2. November 2012 stoung d'Rihanna mat sengem Song Diamonds un der Spëtzt vun den däitsche Single-Charts. Et war déi éischte Single-Auskopplung vu sengem 7. Album Unapologetic. Och d'Rihanna, dat Forbes no, zanter zwee Joer déi räichste Musekerin op der Welt ass, soll geschwënn e neien Album erausbréngen.

An da waren op engem 2. November och nach zwee gréisser Concerten zu Lëtzebuerg. 2014 war den däitsche Museker Clueso live am Atelier. Hien huet deemools säin Album Stadrandlichter presentéiert.

An 3 Joer méi spéit, um 2. November 2017, war de Rapper Casper am Kader vu senger Lang Lebe der Tod Tour an der Rockhal. Mat sengem Album Lang Lebe der Tod stoung de Casper an Däitschland och op der 1 vun den Charts.