Haut op engem 3. November...

Um 3. November 1990 stoung den amerikanesche Rapper Vanilla Ice mat sengem Mega-Hit Ice Ice Baby un der Spëtzt vun den US-Charts. Mam Song Ice Ice Baby konnt de Vanilla Ice ënnert anerem zwee American Music Awards an och de People’s Choice Award gewannen.

Haut virun 28 Joer hu Bon Jovi hire fënneften Album Keep The Faith erausbruecht. De Longplayer huet sech bis haut ronn 12 Millioune Mol verkaaft an huet an etleche Länner Platinn-Status erreecht.

24 Joer ass et dann hir, dass déi neiséilännesch Pop-Band OMC mam Song How Bizarre an der Éisträich op der 1 vun den Charts stoung. OMC stoung fir Otara Millionaires Club. Et war eng ironesch Uspillung dass Otara ee vun deenen äermste Quartiere vun der Stad Auckland ass. How Bizarre sollt den eenzegen Hit vun OMC ginn.

Haut virun 13 Joer, um 3. November 2007 stoungen One Republic mam Song Apologize fir fënnef Wochen un der Spëtzt vum Eldo Chartbreaker. Mat Apologize konnten One Republic hire weltwäiten Duerchbroch packen.