Haut op engem 9. November...

Um 9. November 1991 stoungen de Prince an The New Power Generation mam Song Cream un der Spëtzt vun den US-Single-Charts. De Song konnt sech fir zwou Wochen op der 1 halen. Cream war um Prince sengem 13. Album Diamonds and Pearls drop.

24 Joer ass et dann hir, dass d'R&B-Grupp Blackstreet mat der Single No Diggity fir ee Mount un der Spëtzt vun den Charts stoungen. De Song war eng Kollaboratioun mam Dr. Dre an der Rapperin Queen Pen. Am Joer dono konnt No Diggity och e Grammy Award gewannen.

Dann nach zwou Number-1-Hits aus eisem Eldo Chartbreaker.
Um 9. November 1998 stoungen do Die Toten Hosen mat 10 Kleine Jägermeiser fir 3 Woche ganz uewen.

An um 9. November 2002 war et den Nelly, dee mat sengem Song Dilemma fir ee Mount un der Spëtzt vum Chartbreaker stoung. De Song war eng Kollaboratioun mat der Sängerin Kelly Rowland.