Haut op engem 8. November...

Haut feiert déi jamaikanesch Sängerin Diana King seng 50 Joer. Mam Song Shy Guy ass d'Musekerin weltwäit bekannt ginn. Et war de Soundtrack zum Film Bad Boys. Shy Guy sollt fir d'Diana King allerdéngs e One-Hit-Wonder bleiwen.

Haut viru 34 Joer, um 8. November 1986, stoung d'Pop-Band Berlin mam Song Take My Breath Away un der Spëtzt vun de britteschen Charts. Et war de Soundtrack zum Film Top Gun mam Tom Cruise. Am Joer 1979, just 9 Joer no hirer Grënnung, huet d'Band Berlin sech schonn nees getrennt.

Haut virun 12 Joer sollt dann de Peter Fox mat senger Single Haus am See fir zwou Wochen op der 1 vun den däitschen Charts stoen. De Song war mat drop um Peter Fox sengem Solo-Debut-Album Stadtaffe. Den Album gouf produzéiert, wéi d'Band Seeed eng Paus ageluecht hat. Stadtaffe sollt den éischten an zäitgläich leschten Album vum Peter Fox sinn.

Parallel stoung d'Pink mat sengem Album Funhouse un der Spëtzt vun de britteschen Album-Charts. 6 Single-Auskopplunge vum Lonplayer sollten et op d'1 vun den Charts packen. Ënnert anerem d'Klassiker So What, Sober an den Titeltrack Funhouse.