Haut op engem 7. November...

De franséischen DJ a Produzent David Guetta feiert haut säin 53. Gebuertsdag. Hien ass de 7. November 1967 zu Paräis op d'Welt komm. Zanter sengem weltwäiten Duerchbroch am Joer 2009 gehéiert den David Guetta zu den erfollegräichsten DJs weltwäit. Rezent stoung hie mam Song Let's Love un der Säit vum Sia op der 1 vum Chartbreaker.

Genee 51 Joer ass et dann hir, dass Led Zeppelin de Song Whole Gotta Love erausbruecht hunn. De Song ass déi erfollegräichste Single vun der Band Led Zeppelin.

Haut viru 6 Joer huet dann d'Band Pink Floyd hire 15. Album Endless River erausbruecht. Déi zwee verbliwwent Bandmemberen David Gilmour an Nick Mason hunn fir den Album Opname geholl, déi et 1994 net op den Album The Division Bell gepackt haten. De Lonplayer war dem 2008 verstuerwene Keyboarder a Grënnungsmember Richard Wright gewidmet. De Roger Waters, deen d'Band Pink Floyd 1985 verlooss hat, huet net um Album matgeschafft.

Dann ass haut de véierten Doudesdag vum kanadeschen Auteur, Dichter, Moler a Museker Leonard Cohen. Fir seng poetesch an dacks melancholesch Musek huet de Leonard Cohen a senger Karriär etlech Präisser gewonnen. No sengem Dout gouf hien 2018 esouguer mat engem Grammy geéiert.