Haut op engem 6. November...

Haut hätt den amerikanesche Rockmuser Glenn Frey säin 72. Gebuertsdag gefeiert. Hien war Frontsänger vun den Eagles an hat d'Band 1971 och gegrënnt. D'Egales gehéieren zu den erfollegräichste Bands iwwerhaapt. Si hunn iwwer 150 Millioune Placke verkaaft, 6 Grammys gewonnen an si goufen och an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl. Am Januer 2016 ass de Glenn Frey verstuerwen.

Haut viru genee 50 Joer hunn Aerosmith hiren éischte Concert gespillt. Genee wéi d'Eagles gehéieren Aerosmith zu de ganz grousse Bands. Och op hire Kont ginn iwwer 150 Millioune verkaaften Alben a Singles.

Um 6. November 1995 hu Queen hire 16. Album Made In Heaven erausbruecht. Et war den éischte Longplayer nom Dout vum Freddy Mercury. Um Album drop ware gréisstendeels Songs, déi de Freddy Mercury nach viru sengem Dout opgeholl hat.

Zum Schluss nach eng Nummer 1 aus dem Eldo Chartbreaker. Um 6. November 2004 stoung den Eric Prydz mam Song Call On Me fir 3 Wochen un der Spëtzt vum Eldo Chartbreaker. Besonnesch um Song war den deemools provokant-sexuelle Museksvideo. Verschidde Länner, zum Beispill a Skandinavien hu refuséiert, de Video bei sech um Fernsee ze weisen.