Haut op engem 5. November...

Um 5. November feieren direkt zwee grouss Museker Gebuertsdag.
Den Art Garfunkel ass zum Beispill um Dag vun haut am Joer 1941 am Quartier Forest Hills zu New York op d'Welt komm. Zesumme mam Paul Simon ass hie mam Duo Simon & Garfunkel weltbekannt ginn.

An de Bryan Adams kritt haut seng 61 Joer. De kanadesche Museker huet a senger iwwer 40-järeger Karriär iwwer 100 Millioune Placke verkaaft. Seng Songs stoungen an iwwer 30 Länner un der Spëtzt.

Um 5. November 1983 stoung de Billy Joel mat sengem Hit Uptown Girl an England un der Spëtzt vun den Charts. De Song war mat drop op sengem néngten Album An Innocent Man. De Song dréint sech ronderëm dem Billy Joel seng deemoleg Bezéiung mam australesche Model Elle Macpherson.

Haut viru genee 21 Joer huet dann déi amerikanesch Rock-Band Van Halen annoncéiert, dass hiren deemoleger Sänger, de Gary Cherone, d'Band verloosse géif. Hien hat 1996 de Sammy Hagar ersat, dee wéinst feelender Motivatioun aus der Band geheit gi war. Nodeems de Gary Cherone d'Band Van Halen verlooss huet, huet hien 2001 zu Boston d'Band Tribe of Judah gegrënnt. De Succès ass ausbliwwen.