Haut op engem 4. November...

De Sean Combs feiert haut säin 51. Gebuertsdag. Besser bekannt ass hien ënnert senge Kënschtlernimm P.Diddy oder och Puff Daddy. Nieft senger Musek huet de Sean Combs och nach als Schauspiller an Designer geschafft. Zanter 2007 bedreift hien och seng eege Vodka-Mark.

Genee 31 Joer ass et hir, dass de schwedesche Pop-Duo Roxette mam Song Listen To Your Heart un der Spëtzt vun den US-Charts stoung. Well d'Sängerin Marie Frederiksson 2002 u Kriibs erkrankt war, hu Roxette eng Paus ageluecht. 2011 koum dunn mam Album Charm School de Comeback. No zwee weideren Albe war dunn 2016 awer endgülteg Schluss.

Um 4. November 2011 hat et déi dänesch Sängerin Aura Dione mam Song Geronimo un d'Spëtzt vun den däitschen Charts gepackt. Et war den éischten Track vum Album Before The Dinosaure.

Haut viru 4 Joer huet dann de franséischen DJ a Produzent Kungs live am Atelier opgeluecht. Mam Song This Girl hat hien 2016 de groussen internationalen Duerchbroch gefeiert. An deem Joer huet de Kungs och säin Debut-Album Layers erausbruecht.