Haut op engem 10. November...

Um 10. November 1975 stoung den David Bowie mam Song Space Oddity und der Spëtzt vun de britteschen Charts. De Bowie hat d’Lidd geschriwwen nodeems hien dem Stanley Kubrick säi Film Odyssee gesinn hat. Am Song Space Oddity erzielt den David Bowie d’Geschicht vum Major Tom.

42 Joer ass et dann hir, dass de Rod Steward de Song Da Ya Thing I’m Sexy erausbruecht huet. De Song stoung a ville Länner op der 1 vun den Charts.

Haut virun 30 Joer stoung den amerikanesche Rapper Vanilla Ice mam Album The Extreme un der Spëtzt vun de US-Album Charts. Mat drop ass ënnert anerem de Song Ice Ice Baby. Den Album sollt 7 Mol Platinn gewannen a stoung fir am Ganze 16 Wochen un der Spëtzt.

Haut virun 23 Joer stoung dann déi dänesch-norwegesch Grupp Aqua mam Song Barbie Girl un der Spëtzt vun den däitschen Charts. Aqua stounge mat Barbie Girl a ganz Europa op der 1. Wärend déi eng de Radio opgedréint hunn, hunn anerer ganz séier d’Frequenz gewiesselt.