Haut op engem 11. November...

Um 11. November 1974 stoung de Carl Douglas mat sengem Hit Kung Fu Fighting op der 1 vun den däitschen Charts. De Song war e weltwäite Succès a stoung a ville Länner un der Spëtzt vun den Charts. De Song sollt sech iwwer 10 Millioune Mol verkafen.

11 Joer méi spéit, um 11. November 1985 stoung déi norwegesch Band A-Ha mat Take On Me un der Spëtzt an Däitschland. Zanter hirer Grënnung am Joer 1982 hunn A-Ha 10 Alben erausbruecht an iwwer 80 Millioune Placke verkaaft.

An op engem 11. November waren zwee gréisser Concerten hei zu Lëtzebuerg. Am Joer 2013 stoung zum Beispill déi brittesch Band Bastille op der Bün vum Atelier. Bei hirem iwwerzeegendem Optrëtt hu Bastille hiren Debut-Album Bad Blood presentéiert. Op der Setlëscht stoung also och de Song Pompeii.

3 Joer méi spéit hunn dann d'Red Hot Chilli Peppers an der Rockhal gespillt. Och si konnten de lëtzebuerger Public mat hire Klassiker a Songs vun hirem deemools aktuellem Album The Getaway matrappen. Den Undrang op Tickete war deemools grouss. De Concert war bannent 19 Minutte komplett ausverkaaft.