Haut op engem 12. November...

Virun dräi Joer war de Sean Paul live an der Rockhal. Et war no 2014 säin zweeten Optrëtt zu Lëtzebuerg. Nieft senge Solo-Projeten hat de Sean Paul a senger Karriär virun allem mat verschidde Kollaboratioune grousse Succès. Dozou zielt ënnert anerem de Song Rockabye.

Um 12. November 1976 hu Queen hire Mega-Hit Somebody To Love erausbruecht. Et war déi éischte Single aus hirem fënneften Album A Day At The Races.

8 Joer méi spéit, um 12. November 1984 huet d'Madonna säin zweeten Album Like A Virgin erausbruecht. Produzéiert gouf de Longplayer vum Nile Rodgers, dee virdrunner och scho mam Michael Jackson, David Bowie an Duran Duran zesummegeschafft hat. Den Album Like A Virgin zielt mat iwwer 20 Millioune Sales zu den 100 meescht-verkaaften Albe vun allen Zäiten.

Viru genee 19 Joer stoung dann d'Kylie Minoque mam Song Can't Get You Out Of My Head un der Spëtzt vun den däitschen Single-Charts.