Haut op engem 13. November...

Um 13. November 1983 stoung de Lionel Richie mat sengem Song All Night Long un der Spëtzt vun den US-Single-Charts. Et war déi éischte Single vum zweete Lionel-Riche-Album Can't Slow Down.

Genee 20 Joer ass et dann hir, dass d'Beatles hire Greatest-Hits-Album mam Numm 1 erausbruecht hunn. Drop sinn am Ganze 27 Number-1-Hits vun der Band, ënnert anerem Yesterday, Come Together, Hey Jude oder och Let It Be. Den Album 1 zielt zu den erfollegräichsten Alben aus dem 21. Joerhonnert. Et stoung an iwwer 30 Länner op der 1 a sollt sech iwwer 32 Millioune Mol verkafen.

Take That hunn dann haut viru 14 Joer de Song Patience erausbruecht. Et war déi éischte Single vun hirem Comeback-Album Beautiful World. Et ass iwwregens den Titelsong vun der däitscher Serie Der Bergdoktor gewiescht.

An da sinn um 13. November viru 5 Joer 89 Mënschen am Paräisser Concerts-Sall Bataclan ëm d'Liewe komm. Wärend engem Optrëtt vun der Band Eagles Of Death Metal haten dräi Terroriste vum IS de Bataclan gestiermt an op d'Leit geschoss. Bei weideren terroristeschen Attacken deen Owend zu Paräis si weider 39 Mënsche gestuerwen.