Haut op engem 14. November...

Um 14. November 2004 war déi franséisch Indie-Pop Band Phoenix am Atelier. Si hunn deemools hiren Debut-Album United presentéiert. Den 28. September 2017 sollten si hei zu Lëtzebuerger an enger gréisserer Location optrieden. Si hunn hei virun enger ausverkaafter Rockhal performt.

Zäitgläich stoungen U2 mam Song Vertigo op der 1 vun de britteschen Charts. De Song sollt 2005 dräi Grammy-Awards gewannen. Dat ënnert anerem an der Kategorie Best Rock Song. Op der Rolling Stone Lëscht vun den 100 beschte Songs stinn U2 mat Vertigo op der Plaz 64.

Um 14. November 2006 sinn da Led Zeppelin an d'UK Music Hall of Fame opgeholl ginn. Bei der Zeremonie am Alexandra Palace zu London hunn si den Award vum Queen-Museker Roger Taylor iwwerreecht. Mat iwwer 30 Millioune verkaafte Placken ziele Led Zeppelin zu den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.

Virun 11 Joer stoungen dann den Jay-Z an d'Alicia Keys mam Song Empire State of Mind fir zwou Wochen un der Spëtzt vum Chartbreaker. De Song sollt zwee Grammy-Awards gewannen.