Haut op engem 15. November...

Haut feiert den amerikanesche Rapper B.o.B. säin 32. Gebuertsdag. Säi groussen Duerchbroch hat hien 2010 mam Song Nothin' On You un der Säit vum Bruno Mars. Och dem B.o.B. seng zweete Kollaboratioun Airplanes sollt weltwäite Succès feieren.

Haut viru 44 Joer stounge Boney M mam Song Daddy Cool op der 1 vun den Charts an Éisträich.

Och an Éisträich, awer um 15. November 1979 stoung de Cliff Richard mam Song We Don't Talk Anymore un der Spëtzt.

Um 15. Oktober 1987 waren t'Dire Straits déi éischt Band, déi a Groussbritannien iwwer 3 Milliounen Alben op CD verkaaft hunn. Dat mat hirem Album Brothers In Arms. Mat drop waren ënnert anerem d'Klassiker Money For Nothing oder och Walk Of Life. Am Laf vun hirer Karriär hunn t'Dire Straits iwwer 120 Milliounen Albe verkaaft. Si zielen domat zu den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.