Haut op engem 16. November...

Déi franséisch Sängerin Corinne Hermès feiert haut hiren 59. Gebuertsdag. Am Joer 1983 huet si mam Song Si la Vie est Cadeu den Eurovision Song Contest fir Lëtzebuerg gewonnen. Beim ESC 1983 deen dat Joer zu München stattfonnt huet, hat d'Corinne Hermès sech mat 6 Punkte Virsprong géint d'Konkurrenz duerchgesat.

Um 16. November 1985 stounge Starship mam Song We Built This City op der 1 vun den amerikaneschen Charts. Et war déi éischte Single vum Starship-Debut-Album Knee Deep In The Hoopla.

Haut viru genee 3 Joer war de kanadesche Singer-Songwriter Leif Vollebek fir en intime Concert zu Lëtzebuerg an de Rotonden. Hien huet dem Public säin drëtten Album Twin Solitude presentéiert. De Leif Vollebek war deemools e Geheimtipp vun der Eldo-Museksredaktioun.

An virun zwee Joer stounge Muse mam Album Simulation Theory un der Spëtzt vun de britteschen Album-Charts. Et war den aachten Album vu Muse. Besonnesch war den ongewinnt däischtere Sound vum Longplayer.