Haut op engem 17. November...

Um 17. November 1966 stoungen d'Beach Boys mam Song Good Vibrations un der Spëtzt vun de britteschen Charts. Op der Rolling Stone Lëscht vun de 500 beschte Songs steet Good Vibrations op 6. Plaz. D'Beach Boys waren an de 60er a 70er Jore mat eng vun de weltwäit erfollegräichste Pop-Rockbands.

Et ass no Last Christmas déi warscheinlech bekannste Single vu Wham. Wake Me Up Before You Go Go stoung haut viru 54 Joer op der 1 an England. Mat Song hu Wham weltwäite Succès gefeiert. Den zweete Go geet op e Schreiffeeler zréck, deen de Sänger op engem Post-It u seng Elteren hannerlooss huet.

Genee 24 Joer ass et dann hir, dass d'Spice Girls mat hirem Debut-Album Spice op der 1 an England stoungen. Mat drop ass ënnert anerem de Song Wannabe. De Longplayer sollt sech iwwer 30 Millioune Mol verkafen ass domat de meescht-verkaaften Album vun enger Girl-Band iwwerhaapt.

Haut viru 17 Joer huet d'Britney Spears e Stär um Hollywood Walk of Fame kritt. Mat grad emol 21 Joer war d'Sängerin deemools de jéngste Star, dee jee um Walk of Fame geéiert gi war. D'Britney Spearts huet bis haut iwwer 100 Millioune Placke verkaaft. Déi gëllen Zäite leien awer schonn etlech Joren zréck.