Haut op engem 18. November...

Um 18. November 1962 ass den amerikanesche Museker Kirk Hammett op d’Welt komm. Zanter 1983 ass hie Gittarist vun der Band Metallica. Si gehéieren zu den erfollegräichste Bands iwwerhaapt. An hirer Karriär hunn si bis ewell iwwer 110 Millioune Placke verkaaft a 9 Grammys gewonnen.

29 Joer méi spéit, um 18. November 1991 stoung déi amerikanesch R&B an HipHop Band Salt `n` Pepa mam Song Let’s Talk About Sex un der Spëtzt vun den däitschen Charts. De Song konnt sech fir 10 Wochen un der Spëtzt halen.

Haut viru genee 3 Joer ass de Malcolm Young gestuerwen. De Grënnungsmember, Gittarist a Songwriter vun AC/DC sollt nëmme 64 Joer al ginn. Schonn am September 2014 hat hie senge Band-Kolleege matgedeelt, datt hien AC/DC aus gesondheetleche Grënn géif verloossen. Hien hat Problemer mat de Longen, mam Häerz an huet un Demenz gelidden.

Zäitgläich stoung d’Camilla Cabello mam Song Havana op der 1 vum Eldo Chartbreaker. Et war d’Lead Single vum Camila Cabello sengem Debut-Album Camila. D’Sängerin sollt och no senger Zäit bei Fifth Harmony grousse Succès feieren.