Haut op engem 19. November...

Um 19. November 1988 stounge Bon Jovi mam Song Bad Medicine fir zwou Wochen op der 1 vun den US-Charts. De Song war drop um véierte Bon Jovi Album New Jersey. Am Kader vun der passender Tour huet d’Band bannent 16 Méint ronn 250 Shows a 26 Länner gespillt.

Zwee Joer méi spéit, um 19. November 1990 krut den Disco-Pop-Duo Milli Vanilli hire Grammy oferkannt, dee si am Februar vun deem Joer fir Best New Artist gewonnen haten. Dat well erauskomm war, datt Milli Vanilli kee vun hire Songs selwer gesongen haten. An hirer kuerzer Karriär, déi just 2 Joer gedauert huet, hate Milli Vanilli awer 3 Number 1 Hits an den USA, ënnert anerem Girl I’m Gonna Miss You.

Haut viru genee 19 Joer stoung dann den Afroman mat Because I Got High un der Spëtzt an Däitschland. Den Afroman gëllt mat Song als One Hit Wonder.

Haut virun 10 Joer op der 1 vun den däitschen Albumcharts,  Depeche Mode mat hirem Live-Album Tour of the Universe: Barcelona. Mat drop ass ënnert anerem Enjoy The Silence. Um Longplayer ware Live-Opname vun engem Concert, deen Depeche Mode am November 2009 zu Barcelona gespillt haten.