Haut op engem 20. November...

De brittesche Museker James, genannt Jimmy Brown, feiert haut säin 63. Gebuertsdag. Bekannt ginn ass hien als Drummer vun der UB40. D'Band hat verschidde grouss Hits wéi zum Beispill Can't Keep Falling In Love, Kingston Town oder Red Red Wine. Nodeems 2008 zwee Memberen d'Band wéinst finanzielle Problemer verlooss haten, konnt UB40 keng grouss Erfolleger méi feieren.

Um 20. November 1984 krut de Michael Jackson säi Stär um Hollywood Walk of Fame. Am selwechte Joer konnt hie mat sengem Album Thriller 8 Grammys gewannen.

20 Joer ass et dann hir, dass déi amerikanesch Sängerin LeAnn Rimes mam Song Can't Fight The Moonlight un der Spëtzt vun de britteschen Charts stoung. Et war dem LeAnn Rimes säi gréissten Hit. A senger Karriär huet d'Sängerin iwwer 60 Milliounen Albe verkaaft.

Haut virun 11 Joer hunn d'Black Eyed Peas dann de Song Meet Me Halway erausbruecht. Et war déi drëtte Single vun hirem fënneften Album The E.N.D. Den Album gouf vum David Guetta produzéiert a sollt sech knapp 12 Millioune Mol verkafen.