Haut op engem 23. November...

Um 23. November 1975 stounge Queen mat hirem Mega-Hit Bohemian Rhapsody fir ganzer 9 Wochen op der 1 vun de britteschen Charts. Vill Leit haten deemools gemengt, dass d’Lidd mat 5 Minutten a 55 Sekonne vill ze laang wier an ni en Hit géif ginn. Gott säi Dank sollt et ganz anescht kommen.

6 Joer méi spéit, um 23. November 1981, stoung de brittesche Synthie-Pop Duo Soft Cell mam Song Tainted Love un der Spëtzt an Däitschland. De Song sollt am Ganzen a 17 Länner un der Spëtzt stoen.

Haut feiert dann den däitschen Hip Hoper Capital Bra säi 26. Gebuertsdag. Hien sollt et als éischte Kënschtler iwwerhaapt packen, an engem Joer ganzer 13 Nummer 1 Hits an den däitschen Charts ze plazéieren.

Haut virun 13 Joer stoungen dann One Republic mat hirer Debut-Single Apologize un der Spëtzt vun den däitschen Charts. De Song stoung deemools an iwwer 15 Länner op der 1, ënnert anerem och zu Lëtzebuerg.