Haut op engem 22. November...

Um 22. November 1975 stounge KC and The Sunshine Band mam Song That's What I Like fir zwou Wochen un der Spëtzt vun den US-Charts. Et war fir KC and The Sunshine Band den zweeten Number 1 Hit am Joer 1975.

5 Joer méi spéit, um 22. November 1980, stoungen ABBA mam Album Super Trouper fir 9 Wochen un den UK-Charts ganz uewen. Et war de sechsten Album vun ABBA, deen sech ronn 10 Millioune Mol verkafe konnt.

Haut virun 22 Joer stoung dann d'Alanis Morissette mat sengem 4. Album Supposed Former Infatuation Junkie op der 1 vun den US-Album-Charts. Mat drop ass ënnert anerem de Song Thank U.

An 11 Joer ass et dann hir, dass Mando Diao live am Atelier opgetruede sinn. Déi schwedesch Band huet dem lëtzebuerger Public deemools hire fënneften Album Give Me Fire! presentéiert. Op der Setlëscht stoungen also och d'Songs Dance With SomebodyGloria.