Haut op engem 21. November...

Haut feiert de Bassist vun der brittescher Rockband Blur Gebuertsdag. Den Alex James kritt seng 52 Joer. De bis elo leschten Album vu Blur mam Numm The Magic Whip ass 2015 erauskomm.

Um 21. November 1981 stounge Queen an den David Bowie mam Song Under Pressure un der Spëtzt vun de britteschen Charts. De Song ass während enger Jam-Session an de Mountain Studios zu Montreux a Kanada entstanen.

Genee 11 Joer ass et dann hir, dass Snow Patrol hire Best-Of-Album Up To Now erausbruecht hunn. D'Band huet op eng deemools 15-jähreg Karriär mat Hits wéi Chasing Cars, Just Say Yes, Run oder Shut Your Eyes zréckgekuckt.

Desto méi no den Dezember kënnt, desto méi sinn och Chrëschtlidder Thema bei eis am On That Day. Haut virun 9 Joer stoung nämlech de Michael Bublé mat sengem Album Christmas op der 1 vun de britteschen Charts. Et war de 7. Album vum Michael Bublé. Geschwënn wäert en nees e Comeback an den Charts an um Radio feieren.