Haut op engem 24. November...

29 Joer ass et hir, dass ee vun de gréisste Museker iwwerhaapt eis fir ëmmer verlooss huet. De Freddy Mercury ass um 24. November 1991 un AIDS gestuerwen. Eréischt een Dag virdrun hat hien d’Ëffentlechkeet iwwer seng Krankheet informéiert. Hien war ee vun den aflossräichste Museker aus de 70er an 80er Joren. Hien ass bis haut als Grënnungsmember, Songwriter a Leadsänger vun der Band Queen bekannt.

Nieft Queen huet och déi amerikanesch Hard-Rock-Band Kiss um 24. November 1991 e grousse Verloscht missen erdroen. Hiren Drummer, den Eric Carr, ass op dem selwechten Dag wéi de Freddy Mercury un enger Gehierbluddung gestuerwen.

Haut virun zwee Joer stoungen da Panic At The Disco mat High Hopes un der Spëtzt vum Eldo Chartbreaker. Et war déi zweete Single-Auskopplung vun hirem sechsten Album Pray For The Wicked. Fir de Song High Hopes sollt d’Band direkt e puer Präisser gewannen, ënnert anerem e Billboard Music Award an en MTV Video Music Award.