Haut op engem 25. November...

Genee 19 Joer ass et hir, dass de Robbie Williams mat sengem 4. Album Swing When You’re Winning fir zwee Méint un der Spëtzt vun de britteschen Album-Charts stoung. Swing When You’re Winning war e Coveralbum, op deem just Swing-Lidder drop waren. Fir de Longplayer sollt de Robbie Williams 7 Mol Platinn gewannen an den Album ass op Plaz 49 vun de meescht verkaaften Alben iwwerhaapt a Groussbritannien.

Um 25. November 2005 hu Seeed dann hir Single Schwinger erausbruecht.

Ee Joer méi spéit hat den George Michael et mat sengem Best-Of Album Twenty Five ganz uewen an d’UK-Charts gepackt. Mam Album huet hien 2006 de 25. Anniversaire vu senger Museker-Karriär gefeiert. Nieft senge Solo-Tracks, sinn och Wham Lidder drop, zum Beispill Careless Whisper. Dësen war op sengem zweete Wham Album Make It Big aus dem Joer 1984 drop.

An um 25. November 2013 stoung de Pharell Williams mat sengem Mega-Hit Happy un der Spëtzt vun de franséischen Charts. Mam Song konnt de Pharell Williams sech am Ganze fir 22 Wochen op der 1 a Frankräich halen.