Haut op engem 2. Dezember...

Um 2. Dezember 1972 stoungen The Temptations mam Song Papa Was A Rolling Stone un der Spëtzt vun den US-Charts. 1989 goufen The Temptations an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl. Viru 7 Joer sollten si och e Grammy fir hiert Liewenswierk kréien.

Haut huet dann d’Nelly Furtado Gebuertsdag. Déi portugisesch-kanadesch Sängerin feiert seng 42 Joer. Bis haut huet d’Nelly Furtado 6 Alben erausbruecht. De leschten dovunner am Joer 2017.

Dann feiert Britney Spears haut säin 39. Gebuertsdag. Trotz ville Skandaler a mësslongene Comebacks zielt d’Britney Spears mat iwwer 100 Millioune verkaafte Placken an etleche Präisser zu den erfollegräichste Kënschtlerinnen iwwerhaapt.

29 Joer kritt dann haut den amerikanesche Singer/Songwriter Charlie Puth. Säi gréisste Succès hat de Museker bis elo mam Soundtrack zum siwente Fast&Furios Film, See You Again mam Wiz Khalifa.

Zum Schluss nach eng Nummer 1 aus dem Chartbreaker. Virun 3 Joer stoung nämlech d’Louane mat sengem Si t’étais là fir 3 Wochen un der Spëtzt zu Lëtzebuerg.