Haut op engem 3. Dezember...

Haut feiert den Ozzy Osbourne Gebuertsdag. Hien kritt seng 72 Joer. Bekannt ginn ass hien als Lead-Sänger vun der Heavy-Metal Band Black Sabbat a spéider mat senger eegener TV-Show. A senger Karriär huet den Ozzy Osbourne iwwer 100 Millioune Placke verkaaft a steet mat Black Sabbath an der Rock and Roll Hall Of Fame.

Och d’Eva Briegel feiert haut Gebuertsdag. D’Sängerin vun der däitscher Band Juli kritt seng 42 Joer. No 5 Joer Paus hu si lescht Joer hir Comeback-Single Fahrrad erausbruecht. Zanterhier ass et awer erëm roueg ginn.

An haut ass den 21. Doudesdag vum amerikanesche Museker John Larkin, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Scatman John. A senger Karriär huet hien ronn 20 Millioune Placke verkaaft. Um 3. Dezember 1999 ass hien a sengem Haus zu Los Angeles u Kriibs gestuerwen.

Genee 21 Joer ass et dann och hir, dass e jonke Mann vun Dublin e Laptop fir 300$ am Internat kaaft huet. Wéi hien dëse wollt benotzen, huet hien onverëffentlecht Material vun der Band U2 fonnt. Et huet sech erausgestallt, dass et net iergendee Laptop war, mee dee vum U2-Frontmann Bono. En Onbekannten hat dësen aus sengem Auto geklaut an dono online verkaaft. De jonke Mann huet dem Bono säi geklaute Laptop dunn zréckginn a krut als Merci 2000$ Finderlohn an uewendrop e fonkelneie Laptop.