Haut op engem 6. Dezember...

Haut feieren zwee ganz grouss Museker Gebuertsdag. Ugefaange mam Marius Müller-Westernhagen. Hien kritt seng 72 Joer. Mat iwwer 12 Millioune verkaafte Placke gehéiert hien zu den erfollegräichsten däitsche Museker iwwerhaapt.

Dann huet och den amerikanesche Gittarist a Grënnungsmember vun der Band R.E.M. Gebuertsdag. De Peter Buck kritt seng 64 Joer. An hirer Karriär huet d'Band knapp 90 Millioune Placke verkaaft a sinn domat eng vun de gréisste Bands aus dem Alternative Rock Beräich.

7 Joer ass et dann hir, dass Klingande mat Song Jubel un der Spëtzt vun den däitsche Single-Charts stoungen. Et war den éischte groussen Hit vum franséische Museksprojet Klingande.

An da stoungen och d’Killers op engem 6. Dezember ganz uewen an den Charts. An zwar haten si et a Groussbritannien mat hirem Album Day & Age un d’Spëtzt gepackt. Mat drop ass ënnert anerem de Song Human.