Haut op engem 7. Dezember...

Op engem 7. Dezember waren Maroon 5 fir e Concert hei zu Lëtzebuerg. Am Joer 2007 live an der Rockhal. Si hunn deemools hiren zweeten Album It Won’t Be Soon Before Long presentéiert. Op der Setlëscht stoung also och de Song Wake Up Call.

Haut virun 41 Joer stoungen The Police mam Song Walking on the moon un der Spëtzt vun de UK-Charts. Et war déi zweete Single vun hirem zweeten Album Regatte de Blanc. Fir The Police war Walking on the moon deen zweete vun am Ganze fënnef Number-1-Hits an de UK.

Um selwechten Dag ass déi amerikanesch Sängerin a Pianistin Sara Bereilles zu Eureka a Kalifornien op d’Welt komm. Säi groussen Duerchbroch huet d’Sara Bereilles am Joer 2007 mat sengem Love Song gefeiert.

Um 7. Dezember 1991 stoungen den Elton John an den George Michael mam Song Don’t Let The Sun Go Down On Me fir zwou Wochen op der 1 a Groussbritannien.