Haut op engem 5. Dezember...

Haut feiert de Michael Patrick Kelly Gebuertdag. Hien kritt seng 43 Joer.

Och déi amerikanesch Kënschtlerin Keri Hilson kritt haut 38 Joer. Ugefaangen huet hat als Songwriterin an huet Lidder fir d’Britney Spears an d’Pussycat Dolls geschriwwen. Dono ass d’Keri Hilson awer och mat sengen eegene Songs bekannt ginn, ënnert anerem mat I Like.

Haut ass dann den aachten Doudesdag vum amerikanesche Jazz-Museker Dave Brubeck. Een Dag viru sengem 92. Gebuertsdag ass hien um 5. Dezember 2012 un Häerzversoe gestuerwen.

Um 5. Dezember 1987 stoung d’Belinda Carlisle mat sengem Heaven is a place on earth un der Spëtzt vun den US-Charts. D’Sängerin war och Deel vun der Rock-Band GoGo’s. Dofir gouf et am August 2011 e Stär um Hollywood Walk of Fame.