Haut op engem 4. Dezember...

Genee 31 Joer ass et hir, dass de Phil Collins mat sengem Another Day in Paradise fir 10 Wochen un der Spëtzt vun den däitschen Charts stoung. De Song war den éischte Release vum 4. Phil Collins Solo-Album …But Seriously. Et sollt dem Phil Collins säi 7. Number-1 Hit an den USA sinn. 1991 krut de Collins fir de Song e Grammy fir Record of the Year.

Dann huet haut den Jay-Z Gebuertsdag. Den amerikanesche Rapper feiert seng 51 Joer. Mam Song Hard Knock Life hat hien 1999 en éischte groussen Hit. Haut zielt hien zu de Best-Selling-Artists vun allen Zäiten, an huet a senger Karriär 21 Grammy Awards gewonnen.

Och den däitsche Rapper Marteria feiert haut Gebuertsdag. Hie kritt der 37. Virun zwee Joer huet de hien zesumme mam Caper säi bis elo leschten Album 1982 erausbruecht. De Marteria huet iwweregens fréier an der däitscher Jugend-Nationalekipp am Fussball gespillt an huet och als Model geschafft.

An haut virun 20 Joer huet den Eminem de Song Stan erausbruecht. De Song berout vum Refrain vum Dido sengem Titel Thank You aus dem Joer 1999.