Haut op engem 8. Dezember...

Haut huet déi iresch Musekerin Sinéad O'Connor Gebuertsdag, hat kritt seng 54 Joer. Bekannt ginn ass hat ënnert anerem duerch de Song Nothing Compares 2 U. De Song ass eng Cover-Versioun vun engem Prince-Song aus dem Joer 1984.

Um 8. Dezember am Joer 1976 hunn d'Eagles hiren Album Hotel California erausbruecht. Et war den éischten Album ouni de Grënnungsmember Bernie Leadon a gläichzäiteg den éischte mam deemools neie Gittarist Joe Walsh. Och sollt et dee leschte Longplayer mam Bassist a Sänger Randy Meisner sinn.

Genee 40 Joer ass et da schonn hir, dass den John Lennon gestuerwen ass. De Beatles-Member a grouss Inspiratioun fir eng ganz Generatioun sollt vun engem geeschter gestéierte Fan viru sengem Appartement-Haus zu New York erschoss ginn.

An haut viru 36 Joer stoung déi brittesch Band Frankie Goes To Hollywood mam Song The Power Of Love un der Spëtzt vun de britteschen Charts. No Relax an Two Tribes war The Power Of Love déi drëtte Single vu Frankie Goes To Hollywood. Allen dräi sollten si et op d'1 vun den Charts packen.