Haut op engem 9. Dezember...

Um 9. Dezember 1978 stoungen de Nile Rodgers a seng Band Chic mam Song Le Freak fir 7 Wochen un der Spëtzt vun den US-Charts. De Song sollt sech weltwäit ronn 7 Millioune Mol verkafen.

Haut virun 31 Joer stoung dann de Billy Joel mat sengem We Didn’t Start The Fire op der 1 an den USA. Am Song behandelt de Museker geschichtlech Themen aus de Joren 1949, also sengem Gebuertsjoer, bis 1989.

9 Joer ass et dann hir, dass den David Guetta an d’Sia de Song Titanium erausbruecht hunn. Et war déi véierte Single-Auskopplung vum Guetta sengem fënneften Album Nothing But The Beat. Ier den DJ sech fir d’Sia entscheet huet, hat hien eng Demoversioun vum Song u verschidde Kënschtler geschéckt, ënnert anerem un d’Mary J Blidge, d’Katy Perry an un d’Alicia Keys. Well déi awer alleguer net wollten, huet hien sech dunn fir d’Sia entscheet.

An um selwechten Dag stoung d’Lana Del Rey mat Song Video Games un der Spëtzt vun den däitschen Charts. Et war di éischt Single-Auskopplung aus dem zweete Lana Del Rey-Album Born To Die.