Haut op engem 10. Dezember...

Um 10. Dezember 1984 stoungen Duran Duran mat Song The Wild Boys fir 4 Wochen un der Spëtzt vun den däitschen Charts. Et ass ee vun den erfollegräichsten Hits vun Duran Duran. Fir de Video zum Song gouf et 1985 och e Brit Award.

Haut virun 13 Joer huet d’Amy Macdonald de Song This is the life erausbruecht. Et war déi véiert Single-Auskopplung an den Titeltrack vum Amy Macdonald sengem Debut-Album. De Longplayer huet sech weltwäit knapp 5 Millioune Mol verkaaft.

2011 stoung de Michael Bublé um 10. Dezember mat sengem Album Christmas un der Spëtzt vun den amerikaneschen Album-Charts. Um Album sinn am Ganze 14 Coverversioune vu bekannte Chrëschtdags-Lidder. Et ass en Album, dee elo an nächste Wochen nees säi Wee an d’Charts an op de Radio wäert packen.

A genee 4 Joer ass et hir, dass de Bob Dylan mam Literatur Nobel Präis ausgezeechent gouf. Hien war awer selwer net bei der Präisiwwerreechung zu Stockholm dobäi.