Haut op engem 14. Dezember...

Haut feiert de Bela B vun den Ärzte Gebuertsdag. Hien ass um 14. Dezember 1962 zu Berlin op d’Welt komm. Am Joer 1982 huet hien zesumme mam Farin Urlaub d’Ärzte gegrënnt. Nieft den Toten Hosen gehéieren d’Äerzte zu de kommerziell erfollegräichsten däitsche Bands aus dem Beräich Punkrock.

15 Joer méi spéit, um 14. Dezember 1977, sollt de Saturday Night Fever Film zu New York seng Premiere féieren. Zum Soundtrack hunn ënnert anerem Songs vu Kool & The Gang, K.C. & the Sunshine Band an och de The Bee Gees gehéiert. Et ass den erfollegräichste Soundtrack vun allen Zäiten. Am Film selwer huet den John Travolta d’Haaptroll gespillt.

16 Joer ass et dann hir, dass den Eminem mat sengem Lose Yourself un der Spëtzt vun de britteschen Charts stoung. Et ass bis haut ee vun den erfollegräichsten Hip-Hop Songs vun allen Zäiten. Den Eminem sollt fir den Titel vill Präisser gewannen, dorënner 2 Grammy an een Oscar.

An haut viru 5 Joer stoung d’Adele mat sengem Album 25 parallel an den USA an an England op der 1 vun den Charts. D’Sängerin sollt et mam Album an iwwer 20 Länner op d’Eent packen. Nächst Joer soll e Comeback-Album vum Adele erauskommen.