Haut op engem 13. Dezember...

Um 13. Dezember 1982 stoung déi brittesch Band Culture Club mam Song Do You Really Want To Hurt Me fir ganzer 7 Wochen un der Spëtzt vun den däitsche Single-Charts. Hir gréisst Erfolleger konnte Culture Club an den 80er feieren. Si hunn awer net nëmme mat hirer Musek Opmierksamkeet kritt. Virun allem och dem Frontmann Boy George säin extravagante Kleedungsstil huet vill Fans begeeschtert.

22 Joer ass et dann hir, dass déi schwedesch Sängerin Emilia mat sengem Big Big World an Éisträich op der 1 vun den Charts stoung. De Song sollt sech ronn 4 Millioune Mol verkafen.

Haut viru 17 Joer stoung dann den amerikaneschen Hip-Hop-Duo Outkast mam Song Hey Ya! Fir 3 Wochen un der Spëtzt vun den US-Charts. Mat 22 Millioune verkaafte Placken eleng an Amerika gehéieren si zu de Museker mat dem héchsten Ëmsaz an hirem Genre.

An haut viru 6 Joer gouf di 215. a lescht Editioun vu Wetten, dass..? diffuséiert. Och eng Rei musikalesch Gäscht waren an der Sendung mat dobäi, ënnert anerem d’Fanta 4. Si hunn hir Tracks 25 an Und Los live performt. Och d’Pentatonix an d’Helene Fischer waren an där leschter Emissioun vu Wetten, dass..? mat dobäi!